Kazen
Kazen | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Wëll Kaz | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Felidae „Fischer“ 1817 | |||||||||||||
Ënnerfamilljen | |||||||||||||
Kazen (Felidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnovora) an aus der Iwwerfamill vun de Kazendéieren (Feloidea).
Evolutioun
Viru 70 Millioune Joer sinn e puer Gruppe vu Carnivoren, kleng, wiselähnlech Déieren enstanen. Virun ongeféier 50 Millioune Joer ass aus enger vun hinnen d'Gattung Miacis entstanen, déi d'Virfahre vun den heitege Raubdéieren, also och de Kazen, waren.
Anatomie
Kazen hunn e muskuléise Kierper, dee si séier a kraftvoll bewege kënnen. Di meescht Kaze liewen a Bëscher, wou si duerch hir kräfteg viischt Been a scharf Krallen op d'Beem klamme kënnen. Si hu kräfteg hënnescht Been mat dene si wäit an héich sprange kënnen.
Hiren Ënnerkifer kënne si just op an of beweegen a si hunn laang a spatz Eckzänn an eng rau Zong.
Systematik
Et ginn ongeféier 38 Kazenarten déi an 3 Ënnerfamilljen opgedeelt sinn:
- Ënnerfamill: Felis oder Klengkazen
- Gattung Kaz (Felis) mat der Hauskaz
- Gattung Otocolobus
- Gattung Catopuma
- Gattung Profelis
- Gattung Luchsen (Lynx)
- Gattung Prionailurus
- Gattung Caracal
- Gattung Oncifelis
- Gattung Herpailurus
- Gattung Leptailurus
- Gattung Orealiurus
- Gattung Leopardus
- Gattung Puma
- Ënnerfamill: Pantherinae oder Grousskazen
- Ënnerfamill: Acinonychinae
Commons: Felidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |