Englesch
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Englesch English | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Vereenegt Kinnekräich USA Australien Kanada Südafrika Indien Pakistan an an 98 anere Länner |
Regioun: | |
Gëtt geschwat vun: | 340 Milliounen (Mammesprooch) |
Klassement: | 3 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Vereenegt Kinnekräich (de facto) USA (de facto) Australien (de facto) Kanada Irland Neiséiland de meeschte Commonwealth Länner. |
Reglementéiert vun: | |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | en |
ISO 639-2 | eng |
ISO 639-3 | eng |
Englesch ass eng Sprooch, déi aus dem Germanesche kënnt. Si gehéiert zu de West-Germanesche Sproochen. Et ass déi offiziell Sprooch vun iwwer 1,7 Milliarde Leit. inklusiv 330 Millioune Mammesproochler.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi englesch Sprooch huet sech zënter dem Mëttelalter duerch d'Immigratioun vun Nordséigermanesche Vëlker entwéckelt, déi a Britannien agewandert sinn. Ënnert hinne waren d'Angelen - vun deenen d'Wuert Angelsachsen ofgeleet ass - an d'Sachsen. Déi fréi Forme vun der Sprooch ginn dowéinst och alt Angelsächseg genannt.
Geographesch Verbreedung
[änneren | Quelltext änneren]Den englesche Sproochraum
[änneren | Quelltext änneren]-
██ Länner vun der Welt, an deenen Englesch als Amtssprooch oder als National- a Verkéierssprooch geschwat gëtt: Brittesch Inselen inkl. Kanalinselen, USA, Kanada, Australien, Neiséiland, Jamaika grad ewéi déi Gebidder, déi vum Vereenegte Kinnekräich ofhänken: Bermuda, Falklandinselen, Gibraltar, Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha – Ausnamen: am Québec (ëstlecht Kanada) ass Franséisch d'Amts- an d'Nationalsprooch an an Nunavut ginn haaptsächlech d'Sprooche vun den Urawunner geschwat. ██ Länner, an deenen Englesch just als Niewesprooch Amtssprooch ass
Varietéite vun der englescher Sprooch
[änneren | Quelltext änneren]Wéi d'englesch Sprooch sech weltwäit verbreet huet, si vill Varietéiten entstanen oder se huet sech mat anere Sprooche gemëscht. Haut gëtt tëscht follgende Variante vun der englescher Sprooch ënnerscheet:
- Afroamerikanescht Englesch
- Amerikanescht Englesch
- Aukaans, Saramaccaans an Sranantongo (Surinam-Englesch)
- Australescht Englesch
- Bislama (Vanuatu-Englesch)
- Brittescht Englesch
- Kalifornescht Englesch
- Falklännescht Englesch
- Hawaiescht Englesch
- Hiberno-Englesch (an Irland)
- Hongkong-Englesch
- Indescht Englesch
- Jamaika-Kreol (Jamaikanescht Englesch)
- Kamtok (Kamerunescht Englesch)
- Kanadescht Englesch
- Karibescht Englesch (Kreolescht Englesch)
- Krio (Sierra Leone-Englesch)
- Kriol an Torres Creole (nërdlech-australescht Englesch)
- Liberian English (Liberianescht Englesch)
- Manglish (Malaysesch Englesch)
- Midatlantic English
- Neiséilännescht Englesch
- Ngatik Men's Creole (Mikroneesescht Englesch)
- Nigerianescht Pidgin (Nigeria-Englesch)
- Philippinnescht Englesch
- Pijin (Salomonen-Englesch)
- Pitcairn-Englesch
- Schottescht Englesch
- Scots (net ze verwiessele mam schotteschem Englesch)
- Singlish (Singapurescht Englesch)
- Südafrikanischt Englesch
- Tinglish (Thai-Englesch)
- Tok Pisin (Papua-Neiguinea-Englesch)
- Walisescht Englesch
Schreifweis an Aussprooch
[änneren | Quelltext änneren]Alphabet
[änneren | Quelltext änneren]D'Englesch Sprooch gëtt mam Laténgeschen Alphabet geschriwwen.
Grammaire
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Textbeispill
[änneren | Quelltext änneren]Englesch[1] | Lëtzebuergesch |
---|---|
All human beings are born free and equal in dignity and rights. They are endowed with reason and conscience and should act towards one another in a spirit of brotherhood. | All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Wikipedia op Englesch |
Commons: Englesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Diffusion Multilingue des Droits de l'Homme, France, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 22.11.2024.