Op den Inhalt sprangen

Botanesche Gaart

Vu Wikipedia
Versioun vum 06:31, 21. Mee 2020 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (top: Eifeler using AWB).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

E botanesche Gaart ass e Park oder Gaart, an deem verschidde Planzenaarten ugeplanzt si mam Zil, fir se do ze studéieren.

Dofir stinn dacks, wéi an engem Musée oder bei enger Ausstellung, Schëlter bei deene Planze mam Numm vun der Aart, déi een do gesäit, heiansdo och mat aneren Zousazinformatiounen.

Botanesch Gäert ginn heefeg vu Muséeën, Héichschoulen oder soss Fuerschungsariichtungen ugeluecht an ënnerhalen.

Bei engem botanesche Gaart, an deem nëmme Beem an Traisch sinn, schwätzt ee vun engem Arboretum.