Op den Inhalt sprangen

Deklinatioun (Astronomie)

Vu Wikipedia
Versioun vum 08:09, 21. Feb. 2021 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (k).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Duerstellung vun der Deklinatioun op enger Kugelsurface

D'Deklinatioun gëtt an der Astronomie als eng Koordinat bei de Positiounsdonneeën vun Himmelsobjete gebraucht. Si entsprécht der Projektioun vum Breetekrees vun der Äerd op eng (imaginär) Himmelskugel. D'Deklinatioun gëtt soude Wénkelofstand vun engem Objet vum Himmelsequator un. Wäerter nërdlech vum Equator si positiv, Wäerter südlech dovu sinn negativ. Als Symbol gëtt an der Astronomie de Buschtaf δ benotzt.

D'Deklinatioun hänkt enk mat der astronomescher Héicht zesummen, ass awer onofhängeg vun Observatiounsplaz an -zäitpunkt. Um Nordpol ass d'Deklinatioun mat der maximaler Héicht identesch.