2010
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2006 |
2007 |
2008 |
2009 |
2010
| 2011
| 2012
| 2013
| 2014
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2010.
D'Joer 2010 huet op engem Freideg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Januar: Den Ivo Josipović gëtt zum President vu Kroatie gewielt; en trëtt säin Amt den 18. Februar un.
- : Den 2. Tour vun de Presidentschaftswalen an der 7. FebruarUkrain gëtt vum Viktor Janukowytsch gewonnen, hien trëtt säin Amt de 25. Februar un.
- 10. Februar: Déi nei Europäesch Kommissioun ënner dem President José Manuel Barroso trëtt hiert Amt un.
- 26.-28. Februar: De Stuerm Xynthia fuerdert 65 Doudesaffer a Westeuropa, dovun 53 a Frankräich.
- 11. Mäerz: De Mykola Asarow gëtt Premierminister an der Ukrain.
- 10. Abrëll: De Fliger vun enger polnescher Delegatioun, um Wee op déi siwwenzegjäreg Erënnerungsfeier vum Massaker vu Katyn, fält beim Landen zu Smolensk erof. Et gëtt 96 Doudeger, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński, polnesch Deputéiert, e puer héich Offizéier a Familljemembere vun Affer vum Massaker.
- 12. a 25. Abrëll: D'Parlamentswalen an Ungarn gi mat 67,9 % vun de Stëmme vun der rietskonservativer Fidesz-Partei mam Viktor Orbán gewonnen. Hie gëtt den 29. Mee zum Premier ernannt.
- 15. Abrëll: D'Eruptioun vum Vulkan ënner dem Eyjafjallajökull op Island leet fir e puer Deeg de komplette Fluchverkéier iwwer Nordwesteuropa brooch. Och an de Wochen duerno kënnt et ëmmer nees zu punktuelle Späre vum Loftraum.
- 18. Abrëll: Bei de Presidentschaftswalen an der Tierkescher Republik Nordzypern setzt sech den nationalkonservative Ministerpresident Derviş Eroğlu géint de President am Amt, Mehmet Ali Talât, duerch.
- 25. Abrëll: Den Heinz Fischer gëtt bei den éisträichesche Bundespresidentschaftswale mat 80 % a sengem Amt confirméiert.
- : Bei de Parlamentswalen a 6. MeeGroussbritannien kritt d'Konservativ Partei ënner dem David Cameron déi meescht Sëtz, mä net genuch, fir d'Majoritéit ze hunn. Hie gëtt den 11. Mee zum Premierminister vun enger Koalitiounsregierung mat de Liberal Democrats ernannt.
- 28. an 29. Mee: Bei Parlamentswalen an der Tschechescher Republik verléieren déi konservativ ODS an d'sozialdemokratesch CSSD staark zu Gonschte vun zwou neigegrënnte Parteien, der TOP 09 an der VV. De Petr Nečas gëtt Premierminister.
- : Virgezunne Parlamentswalen an 9. JuniHolland, nodeem d'Regierung ënner dem Jan Peter Balkenende den 20. Februar am Sträit iwwer e Réckzuch vun hollänneschen Zaldoten aus Afghanistan zeréckgetruede war. Stäerkst Parteie ginn déi liberal VVD (31 Sëtz) d'sozialdemokratesch PvdA (30 Sëtz) an déi rietspopulistesch Partij van de Vrijheid (PVV) mat 24 Sëtz.
- 13. Juni: Virgezunne Wale fir d'nationaalt Parlament vun der Belsch; a Flandern gëtt déi separatistesch N-VA mat iwwer 30 % vun de Stëmmen (27 Sëtz vun am Ganzen 150) déi stäerkst Partei, a Wallounien, mat och iwwer 30 %, d'Sozialistesch Partei. Et sollt bis de 5. Dezember 2011 dauren, bis eng nei Regierung zustane koum - ouni d'NVA.
- 18. Juni: De finnesche Premierminister Matti Vanhanen trëtt zeréck, Nofollgerin gëtt d'Mari Kiviniemi.
- 29. Juni: De Pál Schmitt gëtt zum President vun Ungarn gewielt. Hien trëtt säin Amt de 5. August un.
- 30. Juni: Lëtzebuerg - D'Parzeläinsfabréck Villeroy & Boch am Rollengergronn mécht no 242 Joer hir Dieren definitiv zou.
- 30. Juni: De Christian Wulff gëtt zum neien däitsche Bundespresident gewielt, nodeem den Horst Köhler den 31. Mee zeréckgetruede war.
- : Beim 2. Tour vun de Presidentewalen a Pole gewënnt de 4. JuliBronislaw Komorowski géint de Jaroslaw Kaczynski.
- : D' 8. JuliIveta Radičová (SDKÚ-DS) gëtt Premierministesch an der Slowakei, nodeem den 12. Juni bei de Parlamentswalen d'sozialdemokratesch SMER vum amtéierende Ministerpresident Robert Fico zwar déi stäerkst Partei gi war, d'Regierungskoalitioun awer hir Parlamentsmajoritéit verluer hat.
- 19. September: No de Parlamentswalen a Schwede bleift dem Premierminister Fredrik Reinfeldt seng Mëtt-riets-Koalitioun bestoen, huet awer keng Maloriéit am Parlament.
- : D'Koalitiounsparteie vum 2. Oktoberlettesche Premier Valdis Dombrovskis senger Regierung gi bei de Parlamentswalen däitlech confirméiert, trotz oder wéinst den Austeritéitsmesuren, déi se huet missen an de Méint virdru wéinst der Finanz- a Wirtschaftskris huelen.
- 14. Oktober: Dem Mark Rutte seng Minoritéitsregierung vu VVD an CDA gëtt vereedegt; si ass am Parlament op d'Stëmme vum Geert Wilders senger PVV ugewisen.
- 28. November: Bei virgezunnene Parlamentswale a Moldawien gëtt déi pro-europäesch Regierungsallianz confirméiert.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 8. Januar: De Bus vun der togolesescher Foussballnationalekipp, déi um Wee op d'Afrikameeschterschaft an Angola ass, gëtt vun der Front fir d'Befreiung vun der Cabinda-Enklav a Cabinda ugegraff. Dräi Persoune kommen ëm d'Liewen an aacht Leit gi verletzt.[1],[2]
- : De 4. MäerzFaure Gnassingbé gëtt zum President vun Togo erëmgewielt.
- : Bei de Parlamentswalen op 5. MeeMauritius gewënnt eng Koalitioun ënner der Aarbechterpartei; den Navin Ramgoolam bleift Premierminister.
- : De 6. MeeGoodluck Jonathan gëtt zum Staatspresident vun Nigeria ernannt.
- 23. Mee: Parlamentswalen an Ethiopien. Dem Premierminster Meles Zenawi seng Partei EPRDF kritt déi meescht Stëmmen.
- 24. Mee: An Trinidad an Tobago gewënnt den United National Congress d'Parlamentswalen; d'Kamla Persad-Bissessar gëtt Premierministesch.
- : De 9. AugustPaul Kagame gëtt zum President vu Ruanda erëmgewielt.
- 28. November: Bei de Presidentschaftswalen an der Côte d'Ivoire gewënnt den Alassane Ouattara, den amtéierende President Laurent Gbagbo refuséiert, zeréckzetrieden; et kënnt zu engem méintlaange Biergerkrich, ier de Gbagbo den 11. Abrëll 2011 gefaange geholl gouf.
- 28. November: Presidentschaftswalen an Egypten.
- 21. Dezember: Den Alpha Condé gëtt neie Staatspresident a Guinea.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Abrëll: Duerch eng Explosioun op der Pëtrols-Buerplattform Deepwater Horizon, bei där 11 Leit ëm d'Liewe kommen, lafe bis de 4. August, wou d'Lach definitiv gestoppt gëtt, am Ganze 5 Millioune Barrel Äerdueleg an de Golf vu Mexiko.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Januar: En Äerdbiewe vun der Stäerkt 7 an Haiti, no bei der Haaptstad Port-au-Prince, mécht iwwer 212.000, warscheinlech bis zu 300.000 Doudesaffer a grad sou vill Blesséierter.
- 17. Januar: Beim 2. Tour vun de Presidentschaftswalen am Chile gewënnt de Sebastián Piñera. Hien trëtt säin Amt den 11. Mäerz un.
- : D' 7. FebruarLaura Chinchilla gewënnt d'Presidentschaftswalen a Costa Rica; si trëtt hiert Amt den 8. Mee un.
- 27. Februar: Bei engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 8,8 Mw bei der chileenescher Stad Concepción kommen iwwer 700 Leit ëm d'Liewen.
- 22. Mee: D'Dominikanesch Befreiungspartei (Partido de la Liberación Dominicana) vum President Leonel Fernández gewënnt d'Parlamentswalen an der Dominikanescher Republik.
- 20. Juni: A Kolumbien gewënnt de Juan Manuel Santos d'Wale fir de Staatspresident.
- 25. Oktober: Nom Doud vum Premierminister op Barbados, dem David Thompson, gëtt de Freundel Stuart säin Nofollger.
- 31. Oktober: D'Dilma Rousseff gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Brasilien.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: Bei de Presidentschaftswalen op Sri Lanka gëtt de Mahinda Rajapakse erëmgewielt.
- : 7. AbrëllKirgisistan: No Protester mat iwwer 50 Doudegen a groussen Zerstéierungen an der Haaptstad flücht de President Kurmanbek Bakijev, d'Oppositioun iwwerhëlt d'Muecht.
- 14. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an der Provënz Qinghai am Nordweste vun der Volleksrepublik China kommen iwwer 2.000 Mënschen ëm d'Liewen, méi wéi 12.000 ginn der blesséiert, dovun 1.394 schwéier.
- 10. Mee: Parlaments- a Presidentschaftswalen op de Philippinnen; de Benigno Aquino III. gëtt zum neie President gewielt.
- : Nom Récktrëtt vum 4. JuniYukio Hatoyama gëtt den Naoto Kan neie japanesche Ministerpresident.
- Am Biergerkrich a Kirgisistan kommen iwwer 2000 Leit ëm d'Liewen.
- August: Schro Iwwerschwemmungen no Monsunreen am Indus-Baseng a u Pakistan: Iwwer 2000 Leit stierwen, Millioune verléieren hiert Doheem.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 24. Juni: D'Julia Gillard gëtt nei Premierministesch an Australien.
- 29. September: De Maatia Toafa gëtt Premierminister vun Tuvalu.
Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- : 8. MeeD'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun decidéiere mam Internationale Wärungsfonds e Rettungspak vu 750 Milliarden Euro, fir eng eventuell Staatsfaillite an der Eurozon ze verhënneren.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- - 1. Januar31. Dezember: Essen (mat der Ruhr) a Pécs sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
- Abrëll bis Oktober: Expo 2010 zu Shanghai.
- 16. November: D'UNESCO hëlt d'Iechternacher Sprangpressessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder op.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir der Tania Naskandy hiert Sibiresch Eisebunn.
- 1. Präis am Nationale Literaturconcours fir der Elise Schmit hire Roman Brachland.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Mee–29. Mee: D'Lena Meyer-Landrut gewënnt mam Lidd Satellite de 55. Eurovision Song Contest zu Oslo.
Film
[änneren | Quelltext änneren]- Un prophète vum Jacques Audiard gewënnt den César fir de beschte Film.
- The Hurt Locker vun der Kathryn Bigelow gewënnt den Oscar fir de beschte Film.
- Lung Boonmee raluek chat vum thailännesche Regisseur Apichatpong Weerasethakul gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Trouble no more vum Andy Bausch.
- Hamilius vum Alain Tshinza.
- Emil vum Marc Thoma.
- Mir wëllen net bleiwen vum Pascal Becker a Yann Tonnar
- Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher vum Andy Bausch.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]D'Entdeckung vun enger neier Hominiden-Spezies, Australopithecus sediba genannt, gëtt bekannt gemaach.
- 15. Oktober: Duerchbroch beim Gotthard-Basistunnel an der Schwäiz, deem längsten Tunnel vun der Welt.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Februar: Zu Vancouver fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- Den Alberto Contador gewënnt den Tour de France 2010; den Andy Schleck gëtt Zweeten; 2012 gëtt de Contador fir disqualifizéiert erkläert an domat kritt de Schleck déi éischt Plaz.
- D'Liz May an den Andy Schleck gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.
Foussball
[änneren | Quelltext änneren]- D'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010 a Südafrika gëtt vun der spuenescher Nationalequipp gewonnen (1:0 n.V. géint déi hollännesch).
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jeunesse Esch gewënnt de Championnat am Foussball.
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der 3. MäerzStad Lëtzebuerg 1:2 géint den Aserbaidjan. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 4. JuniHesper 0:0 géint Färoer Inselen.[4]
- 11. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Llanelli 1:5 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Kim Kintziger geschoss.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d' 3. SeptemberFoussball-Europameeschterschaft 2012, 0:3 géint Bosnien-Herzegowina.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 7. SeptemberTirana, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:1 géint Albanien.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:0 géint Wäissrussland. 8. Oktober[8]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Metz, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012, 0:2 géint Frankräich.[9]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Algerien.[10]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 3. JanuarTibet, franséische Comicauteur an -zeechner.
- : 7. JanuarPhilippe Séguin, franséische Politiker.
- 11. Januar: Éric Rohmer, franséischen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
- 14. Januar: Bobby Charles, US-amerikanesche Sänger a Komponist.
- 18. Januar: Ursula Kübler, Schwäizer Schauspillerin an Dänzerin.
- 22. Januar: Iskandar vu Johor, malaysesche Kinnek.
- 22. Januar: Jean Simmons, brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Januar: Roger Pierre, franséische Schauspiller.
- 25. Januar: Alfred Lamesch, lëtzebuergesche Chirurg.
- 27. Januar: J. D. Salinger, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 27. Januar: Howard Zinn, US-amerikaneschen Historiker a Politolog.
- : 1. FebruarSteingrímur Hermannsson, islännesche Politiker.
- : 2. FebruarPierre Pescatore, lëtzebuergesche Jurist a Magistrat.
- : 3. FebruarGeorges Wilson, franséische Schauspiller a Régisseur.
- : 9. FebruarWalter Frederick Morrison, US-amerikaneschen Erfinder (Frisbee).
- 16. Februar: John Davis Chandler, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Februar: Elli Parvo, italieenesch Schauspillerin.
- 24. Februar: Armand Blau, lëtzebuergeschen Hotelier an Auteur.
- : 8. MäerzGuy Lapébie, franséische Vëlossportler.
- 13. Mäerz: Jean Ferrat, franséische Sänger a Museker.
- 27. Mäerz: Gaston Schaber, lëtzebuergesche Psycholog.
- 28. Mäerz: June Havoc, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Mäerz: Jacques Dacqmine, franséische Schauspiller.
- : 4. AbrëllRobert Angel, lëtzebuergesche Politiker a Kardiolog.
- : 5. AbrëllGisela Trowe, däitsch Schauspillerin.
- : 8. AbrëllRaymond Linden, lëtzebuergeschen Historiker.
- 10. Abrëll: Dixie Carter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Abrëll: Lech Kaczyński, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 12. Abrëll: Werner Schroeter, däitsche Filmregisseur, Theaterregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Abrëll: Vic Nurenberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Abrëll: Robert Schaack, lëtzebuergeschen Auteur a Member vum Staatsrot.
- 27. Abrëll: Jos Weirich, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- : 5. MeeUmaru Yar'Adua, President vun Nigeria.
- 14. Mee: Prosper Schroeder, lëtzebuergesche Wëssenschaftler.
- 17. Mee: Bobbejaan Schoepen, belsche Sänger, Entertainer, Komponist, Geschäftsmann.
- 22. Mee: Pierre Zimmer, franséische Schauspiller, Filmregisseur, Journalist an Dréibuchauteur.
- 24. Mee: Anneliese Rothenberger, däitsch Operesängerin.
- 29. Mee: Dennis Hopper, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 31. Mee: René Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 1. JuniRoger Manderscheid, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- : 4. JuniThéo Kemp, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 6. JuniPaul Wunderlich, däitsche Moler a Graphiker.
- 11. Juni: Alain Frast, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.
- 16. Juni: Ronald Neame, brittesche Kameramann a Regisseur.
- 18. Juni: José Saramago, portugisesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 19. Juni: Ursula Thiess, däitsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Juni: Algirdas Brazauskas, litauesche Politiker.
- 28. Juni: Nicolas Hayek, Schwäizer Entreprener.
- : 2. JuliLaurent Terzieff, franséischen Acteur a Cinéaste.
- : 3. JuliMaria-C. Haller, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 12. Juli: Luigi Scattini, italieenesche Filmregisseur.
- 13. Juli: Marianne Hubert, lëtzebuergesch Theologin.
- 16. Juli: James Gammon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 17. Juli: Bernard Giraudeau, franséische Schauspiller an Auteur.
- 26. Juli: Maxime Steinberg, belschen Historiker.
- 30. Juli: Georges Erasme Muller, lëtzebuergeschen Neurolog an Auteur.
- 31. Juli: Philippe Avron, franséische Schauspiller.
- : 3. AugustJean-Pierre Koepp, lëtzebuergesche Politiker.
- : 6. AugustTony Judt, britteschen Historiker.
- : 7. AugustBruno Cremer, franséische Schauspiller.
- : 8. AugustPatricia Neal, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. August: Lull Gillen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. August: Victor Kremer, lëtzebuergesche Schéisser an Olympionik.
- 17. August: Francesco Cossiga, italieenesche Politiker.
- 30. August: Alain Corneau, franséische Filmregisseur.
- 31. August: Laurent Fignon, franséische Vëlossportler.
- : 1. SeptemberJean Nelissen, hollännesche Sportsjournalist.
- : 7. SeptemberClive Donner, brittesche Filmregisseur.
- 12. September: Claude Chabrol, franséische Filmregisseur.
- 15. September: Jean Thill, lëtzebuergesche Jurist an Auteur.
- 18. September: Egon Klepsch, däitsche Politiker.
- 22. September: Liliane Welch, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 24. September: Oswalt Kolle, däitsche Journalist, Auteur a Filmproduzent.
- 28. September: Arthur Penn, US-amerikanesche Filmregisseur a -produzent.
- 29. September: Tony Curtis, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. September: Georges Charpak, franséische Physiker.
- : 1. OktoberAudouin Dollfus, franséischen Astronom.
- : 4. OktoberNorman Wisdom, englesche Schauspiller.
- : 5. OktoberBernard Clavel, franséische Schrëftsteller.
- : 8. OktoberJohn Huchra, US-amerikaneschen Astronom.
- 10. Oktober: Solomon Burke, US-amerikanesche Museker.
- 10. Oktober: Joan Sutherland, australesch Sopranistin.
- 14. Oktober: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
- 20. Oktober: Max Kohnstamm, hollännesche Historiker a Diplomat.
- 20. Oktober: Faruk Ahmad Khan Leghari, pakistanesche Staatspresident.
- 23. Oktober: David Thompson, Politiker vu Barbados.
- 27. Oktober: Néstor Kirchner, argentinesche Politiker, Staatspresident.
- 28. Oktober: Jängy Schmit, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 29. Oktober: Fernand Barnich, lëtzebuergeschen Auteur.
- 30. Oktober: Harry Mulisch, hollännesche Schrëftsteller.
- : 3. NovemberWiktor Tschernomyrdin, russesche Politiker.
- : 5. NovemberJill Clayburgh, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 7. NovemberJules Kauffmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.
- 11. November: Simone Valère, franséisch Schauspillerin.
- 18. November: Brian Marsden, britteschen Astronom.
- 22. November: Gusty Back, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. November: Julien Guiomar, franséische Schauspiller.
- 25. November: Johny Michely, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 27. November: Irvin Kershner, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 28. November: Leslie Nielsen, kanadesche Schauspiller.
- 29. November: Peter Hofmann, däitschen Operesänger.
- 29. November: Mario Monicelli, italieenesche Filmregisseur.
- 30. November: Jeng Kirchen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. November: Thuur Luxembourg, hollänneschen Auteur vu Fues-Schlager.
- : 1. DezemberPierre Dauffenbach, lëtzebuergeschen Offizéier.
- Adriaan Blaauw, hollänneschen Astronom. 1. Dezember:
- 10. Dezember: John B. Fenn, US-amerikanesche Cheemiker.
- 15. Dezember: Blake Edwards, US-amerikanesche Dréibuchauteur a Regisseur.
- 17. Dezember: Captain Beefheart, US-amerikanesche Museker, Sänger a Moler.
- 20. Dezember: Katharina Szelinski-Singer, däitsch Sculptrice.
- 22. Dezember: Gab Delleré, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Dezember: Angèle Mirkes, lëtzebuergesch Sängerin a Schauspillerin.
- 31. Dezember:Raymond Impanis, belsche Vëlossportler.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2010 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The Guardian Togo footballers were attacked by mistake, Angolan rebels say (11. Januar 2010)
- ↑ BBC: Angola 'arrests' after Togo football team attack (11. Januar 2010)
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Aserbaidjan den 3. Mäerz 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Färoer Inselen de 4. Juni 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wales-Lëtzebuerg den 11. August 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 3. September 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Albanien-Lëtzebuerg de 7. September 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland den 8. Oktober 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 12. Oktober 2010 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Algerien de 17. November 2010 op der Websäit vun European Football