Europäesch Hunnegbei
Europäesch Hunnegbei Westlech Hunnegbei | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||
| |||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
Apis mellifera (Linnaeus, 1758) |
D'Europäesch Hunnegbei (Apis mellifera), och Westlech Hunnegbei oder kuerz Hunnegbei oder Bei genannt, gehéiert zu der Famill vun den Apidae an dodran zu der Gattung vun den Hunnegbeien (Apis). Hiert ursprénglecht Verbreedungsgebitt war Europa, Afrika an dat Viischt Asien.
Well se Hunneg produzéiert, gëtt se vum Mënsch dofir gezillt (Beienzuucht) a s'ass, och well se Bléie bestëpst, eent vun de wichtegsten Notzdéieren an der Landwirtschaft. Scho wärend der Kolonisatioun vun anere Kontinenter duerch d'Europäer gouf s'op der ganzer Welt verbreet. Wéi och e puer aner Beienaarten ass d'Europäesch Hunnegbei e Fluchinsekt, dat an engem Vollek lieft.
Et gëtt eng 25 Ënneraarten vun der Aart Apis mellifera, déi gemengerhand als Rasse bezeechent ginn. An Asie gëtt et nach aacht aner Aarte vun der Gattung Apis.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Europäesch Hunnegbei – Biller, Videoen oder Audiodateien |