Falcon 9
D'Falcon 9 ass eng US-amerikanesch Drorakéit, déi vun der Firma SpaceX entwéckelt gouf. Si baséiert technesch op der klenger Falcon 1, awer amplaz vun engem eenzelen Dreifwierk an der éischter Stuf, ginn néng Stéck gebraucht. Am Kader vum COTS-Programm soll d'Rakéit d'Dragon-Raumschëff an den Äerdorbit bréngen. Donieft gëtt si och fir kommerziell Starter ugebueden. Den éischten erfollegräiche Fluch war am Juni 2010.
Duerch Montage vun zwou weideren Éischtstufen als Booster un déi éischt Stuf vun der Falcon 9 entsteet d'Falcon Heavy. Bei där besteet d'Méiglechkeet datt den Dreifstoff vun de Boosteren och déi éischt Stuf alimentéiert, soudatt déi éischt Stuf eréischt kuerz virum Oftrenne vun de Boosteren op déi eegen Tanken ëmschalte muss. Den éischte Start vun enger Falcon Heavy war fir den Oktober 2016 virgesinn, gouf awer dunn op den November 2017 zeréckgesat[1].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am September 2005 hat SpaceX bekannt ginn, datt si eng nach méi staark Drorakéit déi méi dacks kéint gebraucht ginn, ënner der Bezeechnung Falcon 9 entwéckele wëll. Déi éischt Stuf vun der Falcon 9 v1.0 benotzt néng Merlin-1C-Dreifwierker a quadratescher Andeelung, déi zweet Stuf en eenzelt Merlin-1C-Dreifwierk mat enger vergréisserter Ausstréimungsdüs. Ufanks war mat der Falcon 5 e weidere Modell geplangt, mat deem senger Entwécklung awer an der Tëschenzäit zu Gonschte vun der méi grousser Falcon 9 opgehale gouf. D'Rakéit mat hiren néng Dreifwierker ass och bei Ausfall vun engem Dreifwierk a jiddwer Fluchphas vun der ënneschter Stuf ze manövréieren. De 4. Juni 2010 war no ville Verréckelungen de Start vun der Falcon 9 um Cape Canaveral AFS Launch Complex 40. Si hat den Äerdorbit erreecht an hat déi éischt Stuf ogetrennt. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der éischter Falcon 9 v1.0-Versioun louch bei ongeféier 10.000 kg fir en niddregen Orbit (LEO). Dës Versioun gouf schonn no fënnef Starte mat der méi leeschtungsstaarker Versioun v1.1 ersat. Bei där Ausbaustuf ginn déi méi staark Merlin-1D-Dreifwierker benotzt. De méi héije Schub erlaabt et elo och méi Dreifstoff matzehuelen. Dofir goufen d'Tanke vun der éischter an zweeter Stuf verlängert. D'Dréifwierker vun der éischter Stuf sinn elo an engem Rank vun aacht Dreifwierker ëm en zentraalt Dreifwierk gruppéiert. Vu SpaceX gëtt dës Opstellung als Octaweb bezeechent. Mat dëser Versioun goufen éischt Versich gemaach, fir déi éischt Stuf no hirer Trennung vun der Uewerstuf kontrolléiert ze landen, wat awer net gelonge war.
Am Laf vum Joer 2015 goufe weider Verbesserunge vun der Falcon 9 ugekënnegt. D'Merlin-1D-Dreifwierker krute méi Schub, wat nees méi eng héich Dreifstoffkapazitéit verlaangt. Dëst gëtt engersäits duerch Ënnerkillung a sou héijer Dicht vum Kerosin a flëssegem Sauerstoff fir béid Stufe an anerersäits duerch vergréissert Tanken an der Uewerstuf erreecht. Dës Versioun gëtt inoffiziell als v1.2 oder v1.1 Full Thrust bezeechent, en offiziellen Numm ass net bekannt. Och ënnerscheede sech d'Notzlaaschtdonnéeën net vun der v1.1. Den éischte Start war den 21. Dezember 2015 nom Feelstart am Juni 2015. Fir d'éischt ass et gelongen, de Réckfluch vun der éischter Stuf erfollegräich ze landen.
Et ass eng nach méi staark Versioun vun der Falcon 9 geplangt, déi zwou weider Falcon-9-Éischtstufen änlech der Delta IV Heavy als Booster benotze soll. Dës Variant (Falcon Heavy) soll 53.000 kg an e niddregen Orbit transportéiere kënnen an tëscht 77 Millioune an 135 Milliounen US-Dollar pro Missioun kaschten. Duerch déi stänneg Weiderentwécklung vun der normaler Falcon 9 verspéit sech d'Entwécklung vun dëser Heavy-Versioun, en éischte Start ass 2016 méiglech.
Tëschefäll
[änneren | Quelltext änneren]- Beim véierte Start den 8. Oktober 2012 war bei der Falcon 9 no 1 Minutt an 19 Sekonne en Dreifwierk an der éischter Stuf ausgefall. Déi eenzel Dreifwierker am Cluster vun der éischter Stuf sinn duerch Kevlarëmmantelunge geschützt, soudatt déi aner Dreifwierker duerch d'Explosioun vun deem Dreifwierk net beschiedegt goufen. Fir e symmetresche Schub ze kréien, gouf d'Dreifwierk dat vis-à-vis läit automatesch ofgeschalt. Wéinst enger verlängerter Brenndauer vun deenen aneren Dreifwierker an der zweeter Stuf konnt trotzdeem de geplangten Orbit fir d'Haaptnotzlaascht Dragon erreecht ginn. Duerch d'Sécherheetsreegele fir d'ISS konnt awer d'Sekundärnotzlaascht, de Satellit „Orbcomm FM44“, net méi op deem seng, méi héich Ëmlafbunn bruecht ginn. Sou gouf de Satellit op enger méi niddreger Bunn, wéi virgesinn, ausgesat a war dräi Deeg méi spéit vergloust. Doduerch war dëse Start vun der Falcon 9 nëmmen en Deelerfolleg.
- Beim sechste Start vun der Falcon 9 an zugläich éischte Start vun der verbesserter Versioun v1.1 konnten den 29. September 2013 d'Primärnotzlaascht CASSIOPE an en ettlech kleng Sekundärnotzlaaschten erfollegräich op hir geplangt Bunnen ausgesat ginn. Nom Aussetze vun de Notzlaaschte war geplangt, déi zweet Stuf nach eng Kéier ze zünden, fir d'Neeszündfäegkeet am Orbit ze demonstréieren, déi fir Starten an eng geostationär Transferbunn noutwendeg ass. Bei der neier Zündung gouf et awer eng Explosioun am Dreifwierk, an d'Stuf gouf zerstéiert.
- De schwéiersten Tëschefall an éischten Totalverloscht war den 28. Juni 2015 beim 19. Start vun enger Falcon 9. 2 Minutten an 19 Sekonne nom Start – kuerz virun der geplangter Ofkopplung vun der éischter Stuf an Zündung vun der zweeter Stuf – war de Sauerstofftank vun der zweeter Stuf explodéiert an hat dobäi déi Stuf demoléiert. D'Notzlaascht an d'Dragonkapsel sinn ewechgebrach. Den Trunk (drocklose Frachtdeel vum Dragon) an de Kopplungsadapter IDA fir d'ISS, dee fir d'Kopplung vun den neie bemannten CCDev-Raumschëffer mat der ISS dénge sollt, goufen zerstéiert. D'Dragonkapsel hat ufanks den Onfall iwwerstanen an nach weider Telemetriedate gesent, gouf awer méiglecherweis beim Opschlag um Ozean zerstéiert.
Den 20. Juli 2015 huet den Elon Musk bekannt ginn, datt warscheinlech en Hollem gerass war, mat deem den Heliumtank um Sauerstofftank festgemaach war. Den Heliumtank ass dunn an d'Luucht geschoss, wat zu engem Verloscht vun der struktureller Integritéit gefouert huet. Den Hollem soll bei 20 % vun der zertifizéierter Laascht gerass sinn. SpaceX konnt de Virgank bei enger Testrei novollzéien.
Technesch Donnéeën
[änneren | Quelltext änneren]Versioun | Falcon 9 v1.0 | Falcon 9 v1.1 | Falcon Heavy |
---|---|---|---|
Éischt Stuf | 9 × Merlin-1C | 9 × Merlin-1D | éischt Standard-Stuf mat 9 × Merlin-1D plus 2 Booster mat jee 9 × Merlin-1D domat am Ganze 27 Merlin- Dreifwierker fir déi éischt Stuf |
Zweet Stuf | 1 × Merlin-1C-Vac | 1 × Merlin-1D-Vac | 1 × Merlin-1D-Vac |
Héicht (maximal) (m) | 54,9 | 69,2 | |
Duerchmiesser (m) | 3,6 | 3,6 | 3,6 × 11,6 |
Schub (um Buedem) (kN) | 4.940 | 17.000 | |
Startmass (t) | 333 | 1.400 | |
Notzlaaschtverkleedung Duerchmiesser (m) |
5,2 | 5,2 | 5,2 |
Notzlaascht (LEO) (kg) | 10.450 | 53.000 | |
Notzlaascht (GTO) (kg) | 4.540 | ~4.800 | iwwer 12.000 |
Präis (Mio. US-Dollar) | 35 | 80–125 |
Startlëscht
[änneren | Quelltext änneren]Dëst ass eng komplett Startlëscht vu Falcon-9-Rakéiten. Stand vun der Lëscht: 1. Januar 2016.
Laf. Nr. | Datum (UTC) |
Typ | Startplaz | Notzlaascht | Aart vun Notzlaascht |
Notzlaascht a kg (brutto) |
Orbit | Bemierkungen | |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | 04.06.2010 | Falcon 9 v1.0 | CC SLC-40 | Dragon-Qualifikatiounseenheet |
Modell vun der Dragon-Kapsel | k. A. | LEO | Erfolleg Éischte Fluch vun der Falcon 9 | |
2 | 08.12.2010 | Falcon 9 v1.0 | CC SLC-40 | Dragon C1 | Dragon-Kapsel | 5200 kg | LEO | Erfolleg NASA COTS – Demo 1 (5-h-Fluch) | |
3 | 22.05.2012 7:44:38 |
Falcon 9 v1.0 | CC SLC-40 | Dragon C2+, Celestis 11 |
Dragon-Kapsel fir d'Undocken un d'ISS an Weltraumbegriefnes | LEO | Erfolleg NASA COTS – Demo 2 | ||
4 | 08.10.2012 00:35 |
Falcon 9 v1.0 | CC SLC-40 | Dragon CRS-1 |
Dragon-Kapsel, Orbcomm FM44 | LEO | Deelerfolleg Ravitaillementsfluch CRS-1 op d'ISS mat der Dragon-Kapsel. No 1 Min. 19 sek. Ausfall vum Dreifwierk 1 vun der éischter Stuf. Mat verlängerte Brennzäite vun der éischter an zweeter Stuf konnt den Dragon CRS-1 op der geplangter Bunn ausgesat ginn. Fir de Weiderfluch an déi geplangt Ëmlafbunn vun Orbcomm FM44 wiere Sécherheetsreegele fir d'ISS verletzt ginn. Sou gouf en express an enger netgeplangter, falscher Ëmlafbunn ausgesat[2]. Testprogramm vun der Rakéit trotzdeem gréisstendeels erfollegräich. Den Orbcomm FM44 ass an der Tëschenzäit vergloust[3]. | ||
5 | 11.03.2013 | Falcon 9 v1.0 | CC SLC-40 | Dragon CRS-2 |
Dragon-Kapsel | LEO | Erfolleg Ravitaillementsfluch CRS-2 zu der ISS mat der Dragon-Kapsel. | ||
6 | 29.09.2013 | Falcon 9 v1.1 | VAFB SLC 4E | CASSIOPE, CUSat, DANDE, dräi POPACS |
kombinéierte Fuerschungs- a Kommunikatiounssatellit, Technologietestssatellit, 4 Fuerschungssatellitten |
LEO | Erfolleg Éischte Start vu Vandenberg Éischte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1. | ||
7 | 03.12.2013 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | SES 8 |
Kommunikatiounssatellit | 3200 kg | GTO | Erfolleg Éischte Start an e geostationäre Transferorbit. | |
8 | 08.01.2014 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | Thaicom 6 |
Kommunikatiounssatellit | 3325 kg | GTO | Erfolleg Bruttogewiicht, d. h. Mass vun der Notzlaascht mat Adapter, Gehais asw. | |
9 | 18.042014 | 1.1 | CCAFS | SpaceX Dragon CRS-3 |
5500 kg | Transport | LEO | Erfolleg Ravitaillement fir d'ISS | |
10 | 14.062014 | 1.1 | CCAFS | Orbcomm OG2 | 1100 kg | 6 Satellitten vun 172 kg |
LEO | Erfolleg. Orbcomm | |
11 | 05.08.2014 | 1.1 | CCAFS | Asiasat 8 | 4535 kg | Telekommunikatiouns satellitten |
GTO | Erfolleg | |
12 | 07.09.2014 | 1.1 | CCAFS | Asiasat 6 | 3700 kg | Telekommunikatiouns- satellitten |
GTO | Erfolleg | |
13 | 21.09.2014 | 1.1 | CCAFS | SpaceX Dragon CRS-4 |
5500 kg | Transport 5 Cubesatellitten |
LEO | Ravitaillement fir d'ISS | |
14 | 10.01.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | Dragon CRS-5 |
Dragon-Kapsel | LEO | Erfolleg Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | ||
15 | 11.02.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | DSCOVR | Äerdobservatiounssatellit | 570 | HEO-Transferorbit | Erfolleg Héchst bis elo erreecht Vitess vun enger Falcon 9 | |
16 | 02.03.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | Eutelsat 115 West B | Kommunikatiounssatellitten | 4159 | GTO | Erfolleg Duebelstart, béid Satellitte blouwe bis zum Aussetze matenee verbonnen | |
17 | 14.04.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | Dragon CRS-6 | Dragon-Kapsel | LEO | Erfolleg Brochlandung vun der éischter Stuf op dem Autonomous spaceport drone ship | ||
18 | 27.04.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | TurkmenAlem52E MonacoSat 1 |
Kommunikatiounssatellit | 4731 | GTO | Erfolleg Éischten turkmenesche Satellit | |
19 | 28.06.2015 | Falcon 9 v1.1 | CC SLC-40 | Dragon CRS-7 | Dragon-Kapsel | LEO | Feelschlag 2:19 Minutte nom Start strukturellt Versoe vun der zweeter Stuf, bis 2:27 ass der Dréier komplett ausenee gebrach | ||
20 | 22.12.2015 | Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Orbcomm OG2 | 11 Kommunikatiounssatellitten | LEO | Erfolleg éischten erfollegräiche Réckfluch a Landung vun der éischter Stuf op Cape Caneveral, éischte Start vun enger verbesserter Ausbaustuf vun der Falcon 9 | ||
21 | 17.01.2016 | Falcon 9 v1.1 | VAFB LC4 | Jason 3 | Ozeanfuerschungssatellit | SSO | Erfolleg Leschte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1; mëll Landung vun der éischter Stuf op enger Plattform am Ozean, uschléissend allerdéngs wéinst Versoe vun engem Landebeen ëmgefall | ||
22 | 4. Mäerz 2016 23:35 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | SES-9 | Kommunikatiounssatellit | 5271 | GTO | Erfolleg Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | |
23 | 8. Abrëll 2016 20:43 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Dragon CRS-8 | Dragon-Kapsel mam opblosbaren ISS-Modul BEAM am drockfräie Frachtsektor | LEO | Erfolleg éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | ||
24 | 6. Mee 2016 5:21 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Japan JCSAT-14 | Kommunikatiounssatellit | 4700 | GTO | Erfolleg éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf wärend enger GTO-Missioun | |
25 | 27. Mee 2016 21:39 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Thailand Thaicom 8 | Kommunikatiounssatellit | 3100 | GTO | Erfolleg Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | |
26 | 15. Juni 2016 14:29 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Eutelsat 117 West B, Bermuda ABS 2A |
Kommunikatiounssatellitten | 3600 | GTO | Erfolg Brochlandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | |
27 | 18. Juli 2016 04:45 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Dragon CRS-9 | Dragon-Kapsel | LEO | Erfolleg Erfollegräich Landung vun der éischter Stuf op der Landing Zone 1 | ||
28 | 14. August 2016 05:26 |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | JCSAT-16 | Kommunikatiounssatellit | 4600 | GTO | Erfolleg Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | |
N/A | 3. September 2016 07:00-09:00 (geplangt) |
Falcon 9 v1.2 | CC SLC-40 | Amos 6 | Kommunikatiounssatellit | GTO | Feelschlag D'Rakéit ass bei engem routinneméissegen Testlaf den 1. September 2016, dräi Deeg virum geplangte Starttermin, op der Startramp explodéiert, Totalverloscht vun der Notzlaascht.[4],[5] | ||
2017 | |||||||||
29 | 14. Januar 2017 17:54 |
Falcon 9 v1.2 | VAFB LC4 | Iridium NEXT 1-10 | Kommunikatiounssatellitten | 9600 | LEO | Erfolleg Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf um Autonomous spaceport drone ship | |
30 | 19. Februar 2017 14:39[6] |
Falcon 9 v1.2 | KSC LC39A | Dragon CRS-10 | Dragon-Kapsel | LEO | Erfolleg Éischte Start vum Kennedy Space Center Erfollegräich Landlandung vun der éischter Stuf op der Landing Zone 1 | ||
31 | 16. Mäerz 2017 06:00 |
Falcon 9 v1.2 | KSC LC39A | EchoStar 23 | Kommunikatiounssatellit | 5500 | GTO | Erfolleg Keng Landung vun der éischter Stuf |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Falcon 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) SpaceX: Falcon 9
- (en) SpaceX: Falcon Heavy
- Bernd Leitenberger: Falcon 9
- Bernd Leitenberger: Die Falcon Heavy
- (en) Gunter's Space Page: Falcon 9 family
- Bernd Leitenberger: Artikel über die Starts der Falcon Raketen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Startprogramm
- ↑ Stephen Clark: SpaceX cargo flight overcomes engine mishap, in spaceflight now, datum: 8. Oktober 2012, abgerufen: 10. Oktober 2012
- ↑ Stephen Clark: Orbcomm craft falls to Earth, company claims total loss, in spaceflight now, datum: 11. Oktober 2012, ofgeruff: 20. Oktober 2012
- ↑ https://www.heise.de/newsticker/meldung/SpaceX-Falcon-9-Rakete-und-Amos-6-Satellit-bei-Explosion-auf-Cape-Canaveral-zerstoert-3312028.html
- ↑ https://twitter.com/SpaceX/status/771357538738577408
- ↑ http://forum.nasaspaceflight.com/index.php?topic=42182.msg1644878#msg1644878