Groussherzog
Groussherzog ass en Adelstitel deen an der Rangfolleg vun den Adelstitele fir Fürsten am Rang just ënner dem Keeser oder Kinnek steet an iwwer dem Herzog an et ass den Titel vum Monarch vun engem Groussherzogtum.
Ierfgroussherzog ass den Titel vum designéierten Nofollger.
Déi weiblech Form vum Titel ass Groussherzogin. Deen Titel huet eng Monarchin vun engem Groussherzogtum oder, wéi zu Lëtzebuerg oder an anere Groussherzogtemer d'Fra vum Groussherzog. A Russland war et an der Zäit vun den Zaren den Titel vun de keeserleche Prinzessinnen.
An Europa gouf et bis an d'19. Joerhonnert en ettlech Groussherzogen. Haut ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land op der Welt mat engem Groussherzog als Staatschef.
Déi offiziell Uried vun engem Groussherzog ass Seng kinneklech Altess (ofgekierzt S.K.A.) a vun enger Groussherzogin Hir kinneklech Altess (ofgekierzt H.K.A.). Am Plural ass d'Uried Hir kinneklech Altessen (ofgekierzt HH.KK.AA.).[1]
De Groussherzog vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Groussherzog vu Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg ass zanter 1815 e Groussherzogtum. Der Lëtzebuerger Constitutioun no (cf. Art. 33) ass de Groussherzog de Staatschef, Symbol vu senger Eenheet a Garant vun der nationaler Onofhängegkeet. Hien übt zesumme mat der Regierung d'exekutiv Gewalt entspriechend der Constitutioun an de Gesetzer vum Land aus.
Den Henri vu Lëtzebuerg ass den aktuelle Groussherzog vu Lëtzebuerg.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Albert Calmes, Au fil de l'histoire II; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1988 (3. Oplo); vgl. d'Ss. 18-22 : Comment le Luxembourg devint "Grand-Duché", an d'Ss. 23-26 : Les autres grands-duchés.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Groussherzogen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire. www.lod.lu. Gekuckt de(n) 2020-11-26.