Martin Marietta
Martin Marietta Corporation | |
---|---|
Form vun Entreprise | Corporation |
Sëtz | Bethesda, Maryland |
Art vu Fuerschung | Rakéitebau |
Fächer | Naturwëssenschaft |
Fachgebidder | Raumfaart, Baumaterial |
Grënnung | 1961 |
Opléisung | 1995 |
Opléisungsgrond | Fusioun mat der Lockheed Corporation |
D'Martin Marietta Corporation war en US-amerikanesche Mëschkonzern, deen haaptsächlech am Raumfaart- a Rëschtungssektor aktiv war a vun 1961 bis 1995 bestoung.
Firmegeschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Martin Marietta Corporation entstoung 1961 duerch d'Fusioun vun der Loftfaart- a Rëschtungsentreprise Glenn L. Martin Company mam Baustoffkonzern American-Marietta Corporation (Faarwen, Baumaterial). D'Firma war a verschiddene Sparte mat verschiddene Duechterfirmen (z. B. Martin Marietta Materials, Martin Marietta Aluminum) aktiv an huet ënner anerem Fliger a Fligerdeeler, Zement an aner Material, Dreifwierker an Aggregater, Elektronik a cheemesch Produkter produzéiert. D'Firma huet vum Weltraumconcours tëscht den USA an der Sowjetunioun profitéiert. D'Glenn L. Martin Company hat schonn Erfarung mam Bau vu ballistesche Rakéite a Marschfluchkierper gesammelt (Matador, Mace, Viking-Rakéit, Vanguard-Projet). Zu de bekanntste Produkter vum Konzern zielen d'Titan-Interkontinental, d'Titan-Drorakéit an d'Pershing-Mëttelstreckerakéit, déi nach an den 1950er Jore vu Martin entwéckelt gouf.[1]
1982 hat e feindlechen Akaf duerch d'Bendix Corporation gedreet. Fir dat ze verhënneren huet Martin Marietta alles wat net zu de Kärgeschäftsberäicher gezielt huet, verkaf. Martin Marietta hat dës Schluecht iwwerstanen a blouf eng eegestänneg Entreprise, Bendix dogéint gouf vun der Allied Corporation iwwerholl. 1993 huet d'Firma d'Loftfaartspart vu General Electric souwéi d'Raumfaartdepartement vun General Dynamics iwwerholl. 1995 koum d'Fusioun mat der Lockheed Corporation zu Lockheed Martin an de Kaf vun der Dravo Corporation (Aggregater). 1996 huet sech Lockheed Martin vun der Spart Martin Marietta Materials getrennt, aus där eng eegestänneg Firma entstoung, déi dann nees am Joer 1997 vun der American Aggregates Corporation kaf gouf.
Entwécklungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Martin-Marietta X-23 a X-24, experimentell Fluchkierper fir den Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär ze testen
- Titan-Drorakéit (ë. a. benotzt fir de Gemini-Programm)
- Komponente vum Space Shuttle (ë. a. den Haapttank)
- Lander vun de Marssonden Viking 1 an 2
- MGM-31-Pershing-Mëttelstreckerakéit
- LGM-118A-Peacekeeper- an MGM-134-Midgetman-ICBM
- Mk 41 Vertical Launching System
- AGM-12-Bullpup- an d'AGM-79-Blue-Eye-Loft-Buedem-Rakéiten
- AGM-62-Walleye-ferngesteiert Bomm
- FGM-148-Javelin-Panzerofwierrakéit
- ADATS-Fliger- a Panzerofwiersystem
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Homepage of Martin-Marietta Materials
- Funding Universe: Lockheed Martin Corporation
- Martin Marietta Company Profile
- Martin Marietta on Maryland Aviation Museum
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Martin Marietta Materials: History Page