Op den Inhalt sprangen

Regensburg

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Regensburg
Land Däitschland
Bundesland Bayern
Regierungsbezierk Uewerpfalz
Buergermeeschter Christa Meier
Awunner 159.465 (31. Dezember 2023)
Fläch 80.76
Héicht 343
Koordinaten 49°1'N, 12°5'O
Telefonszon 0941
Postcode 93047
Websäit https://www.regensburg.de/
Jumelage mat Bressanone, Clermont-Ferrand, Plzeň, Odessa

Regensburg (engl. fréier Ratisbon, frans. fréier Ratisbonne, lat. fréier Castra Regina, lat., spuen. an it. Ratisbona, poln. Ratyzbona, tschech. Řezno) ass eng kreesfräi Stad am Oste vu Bayern. Si ass d'Haaptstad an de Sëtz vun der Regierung vun der Uewerpfalz, vum Bezierk Uewerpfalz a Sëtz vum Landrat vum Landkreis Regensburg. Den 13. Juli 2006 ass d'Regensburger Alstadt vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwe gesat ginn.

Am Ablack huet d'Stad 130.000 Awunner mat Haaptwunnsëtz a knapps 152.000 Awunner als Wunnbevölkerung an ass domat no München, Nürnberg an Augsburg déi véiertgréisste Stad vum Fräistaat Bayern.

D'Stad ass Bëschofs-Sëtz vun der réimesch-kathoulescher Diözees Regensburg, huet dräi Héichschoulen an ass ee vun den 23 Oberzentre vum Fräistaat Bayern. D'Groussstied nobäi sinn: Nürnberg ronn 88 km nordwestlich a München zirka 103 km südwestlech vu Regensburg.

D'Industrie (Autoen, Elektrotechnik, Maschinnenbau, Zocker) dréckt der Stad hire Stempel op. D'Aarbëchtstslosegket läit, wat fir eng Groussstad ongewéinlech ass, zanter ettleche Joren ënner dem bayeresche Landesdurchschnëtt (eei 2006: 6,8 %). Mat 720 sozialversëcherungspflichtege Beschäftegte op 1000 Awunner huet Regensburg no Frankfurt am Main déi gréisst Konzentratioun vu Beschäftegten an Däitschland opzeweisen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Regensburg – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Stadhaus vu Regensburg