Traité vun Oochen (1668)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Traité vun Oochen vu 1668. Fir aner Traitéen, déi do ënnerschriwwe goufen, kuckt wgl. Traité vun Oochen. |
Den Traité vun Oochen (och: Friddensvertrag vun Oochen oder Éischte Friddensvertrag vun Oochen) war en Traité, deen den 2. Mee 1668 zu Oochen (fr.: Aix-la-Chapelle) ofgeschloss gouf, a mat deem den Devolutiounskrich tëscht Frankräich a Spuenien op en Enn bruecht gouf. E war duerch d'Tripelallianz vun England, der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen a Schweden vermëttelt ginn.
De franséische Kinnek Louis XIV. huet virun allem missen d'Franche-Comté, déi e grad eruewert hat, u Spuenien zréckginn. Hien huet awer dierfen eng ganz Rëtsch befestegt Stied an de Spueneschen Nidderlande behalen.
Oflaf
[änneren | Quelltext änneren]D'Friddensverhandlungen hunn de 25. Abrëll 1668 zu Oochen ugefaangen. Spuenien huet missen agesinn, datt et vun der Tripel-Entente net vill z'erwaarden hat, huet schlussendlech der Propos déi um Dësch louch, noginn, an dem Traité zougestëmmt
Inhalt
[änneren | Quelltext änneren]Nom Artikel 3 dierf Frankräich déi eruewert Stied an der Grofschaft Hainaut, déi et dat viregt Joer eruewert hat, behalen: Charleroi, Binche, Ath, Douai mam Fort Scarpe, Tournai, Oudenaarde, Lille, Armentières, Courtrai, Menin, Bergues a Furnes.
Nom Artikel 5 goung d'Franche-Comté hannescht u Spuenien. Déi franséisch Truppen hu sech missen aus dem Rescht vun de Spueneschen Nidderlanden zeréckzéien.
Ausbléck
[änneren | Quelltext änneren]Well déi zwielef befestegt Stied franséisch Enklaven an de Spueneschen Nidderlande waren, war et fir Spuenien ewell méi schwéier, dës ze verdeedegen. Fir de Louis war den Oochener Fridde just e Provisorium, goung et ëm dach drëms, och de Rescht vun den Spueneschen Nidderlanden z'erueweren. Och méich dat et him méi einfach, fir géint d'Vereent Nidderlännesch Provënze virzegoen. D'Tripel-Entente déi de Fridde garantéiere soll, ass schonns dat Joer drop ausenreegebrach.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hasse: Aachner Friedensschlüsse 1). In: Johann Samuel Ersch, Johann Gottfried Gruber (Hrsg.): Allgemeine Encyclopädie der Wissenschaften und Künste. 1. Sektion, 1. Bd. (1818), S. 10.
- Christa Mack: Aachener Friede, 2. Mai 1668. In: Gerhard Taddey (Hrsg.): Lexikon der deutschen Geschichte. Ereignisse, Institutionen, Personen. Von den Anfängen bis zur Kapitulation 1945. 3., überarbeitete Auflage. Kröner, Stuttgart 1998, ISBN 3-520-81303-3, S. 1.