Wandenergieanlag
Eng Wandenergieanlag verwandelt d'kineetesch Energie vum Wand an elektresch Energie ëm a speist se an d'Stroumnetz. Dat geschitt andeems de Wand op d'Rotorblieder awierkt soudatt de Rotor dréint. De Rotor gëtt dës Rotatiounsenergie un e Generator virun, deen doraus Stroum mécht.
Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Wandenergieanlag zu Lëtzebuerg gouf 1995 zu Eschduerf an de Gemeng Heischent opgeriicht. Si huet eng Nennleeschtung vun 12,5 kW.
Den éischte Wandpark zu Lëtzebuerg goung 1996 um Pafebierg an der deemoleger Gemeng Mompech (haut: Rouspert-Mompech) un d'Netz. Dëse Wandpark mat véier Wandenergieanlagen huet eng Gesamtnennleeschtung vun 2000 kW.
2005 huet d'Agence de l'Energie S.A. 38 Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg opgelëscht, mat enger Gesamtnennleeschtung vu 35314,5 kW. D'Joresstroumproduktioun vun dëse Wandenergieanlagen decken de Joresstroumverbrauch vun engen 13.000 Stéit.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Wandenergieanlagen zu Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Wandenergie zu Lëtzebuerg op der Websäit vun der Agence de l'Energie S.A. (fr)(de)
- 20% d'énergies renouvelables en 2020 Video op eutube (fr)