Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren". Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!
Gudde Moien och,
Ech hunn deng Benotzersäit gelies a froe mech awer op déi Astellung déi richteg ass fir op Wikipedia matzeschaffen. Fir de Moment hu verschidde Leit hei béid Hänn voll ze dinn fir bei verschiddenen Artikelschreiwer d'Feeler verbesseren ze goen. Déi Leit géifen och gären en Artikel schreiwe mä komme nët derzou mat deem vill Verbesseren.
Wanns de hei wëllst matschaffen dann serieux oder nët. Les Meloures 13:56, 4 November 2006 (UTC)
Daat ass och meng Meenung. Entweder ordentlech oder nët. Mer si fir de Moment genuch mat Feeler geplot. An souguer met deenen eegenen. Black Metall 15:31, 4 November 2006 (UTC)
Hei krit en awer schons scheine Courage gemat. Bon esch probeiren dann mol mein Bescht. Analphabet
Diskussiounssäite sinn do wou d'Leit diskutéiere wéi een den Inhalt op Wikipedia am Beschte maache kann. Fänkt eng nei Diskussioun un, fir Kontakt opzehuelen a mam Benotzer Analphabet zesummenzeschaffen. Wat Dir hei sot ass ëffentlech a ka vun Anere gesi ginn.