Gemeng Schengen
Gemeng Schengen | |
---|---|
Schrëft op der Märei vu Schengen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schengen de: Schengen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Rëmerschen |
Buergermeeschter | Michel Gloden |
Awunner | 5.163 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 31,42 km² |
Héicht | 302 m |
Koordinaten |
49° 28’ 12’’ N 6° 21’ 36’’ O |
LAU-Code | LU1206 |
Websäit | https://www.schengen.lu/ |
D'Gemeng Schengen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réimech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Rëmerschen.
Se ass virun allem fir d'Schengener Ofkommes bekannt, dat do ënnerschriwwe gouf. Wéinst dëser Bekanntheet ass d'Gemeng den 3. September 2006 ëmgenannt ginn, virdrun hat se den Numm vun der Uertschaft Rëmerschen. Op den 1. Januar 2012 huet Schengen mat hiren Nopeschgemenge Welleschten a Biermereng fusionéiert. Den Numm vun der Gemeng ass weiderhin „Schengen“.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften an der fréierer Gemeng Schengen:
- Rëmerschen (Remerschen)
- Schengen
- Wëntreng (fr.: Wintrange; d.: Wintringen)
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Biermereng:
- Biermereng (Burmerange, Bürmeringen)
- Elveng (Elvange, Elvingen)
- Éimereng (Emerange, Emeringen)
- Froumillen
- Weidemillen
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Welleschten:
- Bech-Maacher (Bech-Kleinmacher)
- Schwéidsbeng (Schwebsange)
- Welleschten (Wellenstein)
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Schengen läit am Dall vun der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dräilännereck bei Schengen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Archeologesch Fondsaachen aus der Bronzezäit loossen drop zeréckschléissen, datt déi haiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Temoignagë stamen aus dem Joer 877.
1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeem Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng nei Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.
Gemeng Rëmerschen gëtt Gemeng Schengen
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Rëmerschen huet a senger Sitzung vum 18. Januar 2006 decidéiert[2], d'Bekanntheet vun der Uertschaft Schengen auszenotzen, an eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng a „Schengen“ ëmzeänneren. Dat dofir néidegt Gesetz gouf den 13. Juli 2006 an der Chamber gestëmmt an den 30. August 2006 am Mémorial Nr. A150 verëffentlecht[3]. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.
Fusioun 2012 vu Schengen mat Biermereng a Welleschten
[änneren | Quelltext änneren]De 27. Januar 2010 hunn d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referendum dozou d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt[4].
Den Numm vun der vergréisserter Gemeng ass, resp. bleift, „Schengen“[5].
-
Schengen,...
-
Biermereng...
-
a Welleschten...
-
fusionéieren zu Schengen.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Virun der Fusioun
No der Fusioun
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]D'Fusiounsgemeng Schengen huet kee Wopen; se benotzt e Logo deen nieft dem Schrëftzuch „Gemeng Schengen“ aus dräi Stären (Symbol fir d'Europäesch Unioun) an enger Drauf (Wäibauregioun Musel) besteet.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Den 8. Oktober 2017 gouf de Gemengerot nach nom Majorzsystem gewielt; déi Kéier drop, fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023, gouf en eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]Joer | Ekipp* | BZ* |
---|---|---|
2023 | 7 | 4 |
*Ekipp: Är Ekipp; BZ: Besser Zesummen
Quell: rtl.lu, Inneministère, elections.lu
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- ...-...: Roger Weber
- 2011-2017: Ben Homan[6]
- zanter 2017: Michel Gloden
D'Schengener Ofkommes: Firwat Schengen?
[änneren | Quelltext änneren]De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Konventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schengener Ofkommes.
Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwer d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss géif et haut vläicht weltbekannt "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...
Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, datt dem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech a sou skurrillen Detailer wéi deem, datt eng brittesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zënter dem Enn vun den 1980er Joren zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Caféen oder Restaurante mam Numm "S(c)hengen* gëtt et der och zu Tbilisi, Sankt Péitersbuerg, zu Nei-Delhi an zu Bukarest.[7] Der Internet-Sichmaschinn Google no gëtt et iwwer 14,5 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" rieds geet (Stand: Juli 2015).
Kuckeswäertes an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kochhaus zu Schengen
- D'Schengener Schlass
- Den Haff Réimech
- D'Naturschutzgebitt Strombierg
- Nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("de:Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.
- Den Europäische Musée am "Centre européen"
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2006 ass Schengen mat der éisträichescher Gemeng Ischgl jumeléiert. D'Festivitéite ware schonn den 10. Juni 2006. Offiziell gouf de Jumelage beim Géigebesuch de 16. Dezember 2006 zu Ischgl, wou dann och d'Konventioun ënnerschriwwe gouf.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Schengen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Moes, G. & S. Müllenborn, 2007. Kulturlandschaft und Geologie der Region Schengen. Erausgi vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur. Dréckerei saint-paul, 168 S. (ze kréien am Haus vun der Natur).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Schengener Ofkommes
- Schlass Schengen
- Naturschutzgebitt Strombierg
- Gipsgrouf Stroumbierg
- Viaduc vu Schengen
- Dräilännereck bei Schengen
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Schengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Schengen
- D'Gemeng Schengen op der Websäit vum Syvicol
- Touristeninformatioun Schengen
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ (fr)PROJET DE LOI portant changement du nom de la commune de Remerschen en celui de Schengen - Avis du Conseil d'état. chd.lu (20.06.2006). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ (fr)Loi du 24 juillet 2006 portant changement du nom de la commune de Remerschen en celui de Schengen. legilux.public.lu (30.08.2006). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
- ↑ Zu Schengen ware 55,6 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76,7 % an zu Welleschten hu 69,9 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
- ↑ "Aus drei mach Schengen." wort.lu 27.01.2010 15:23, aktualiséiert 27.01.2010 18:32.
- ↑ https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/articles/2011/11-novembre/10-assermentation.html
- ↑ Bodo Bost: "Schengen als Sehnsuchtsort." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.29, 17. Juli 2015, S.13.