Op den Inhalt sprangen

John Hadley

Vu Wikipedia
John Hadley
Gebuer 16. Abrëll 1682
Hertfordshire
Gestuerwen 14. Februar 1744
London
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Erfinder
Member vun Royal Society

De John Hadley, gebuer de 16. Abrëll 1682 zu Barnet, Hertfordshire, a gestuerwen de 14. Februar 1744 och zu Barnet war en engleschen Astronom a Mathematiker.

Liewen a Wierken

[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Mäerz 1717 gouf de John Hadley Member vun der Royal Society. Am Joer 1721 huet hien dat éischt Newton-Teleskop entwéckelt.

Am Joer 1731 huet hien den Oktant erfonnt, de Virleefer vum Sextant.

Souwuel um Bau vum Teleskop wéi och um fir d'éischt „Quadrant“ genannten Oktant ware seng Bridder George (16851768) an Henry (gebuer 1687) bedeelegt. Si waren dräi vu sechs Kanner vum George Hadley an der Katherine Fitzjames.

No dem John Hadley ass d'Hadley-Rill um Äerdmound genannt ginn. D'Moundlandefähr Apollo 15 war am Joer 1971 zimmlech no bei dëser Rill gelant.

De selwechten Numm:
Säin Neveu John Hadley (17311764), Jong vum Henry, Cheemiker a Medezinner, Member vun der Royal Society vu 1758 un.

  • E.G.R. Taylor: The mathematical practitioners of Hanoverian England 1714−1840. Cambridge 1966

Portal Astronomie

Commons: John Hadley – Biller, Videoen oder Audiodateien