Sauer
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie). |
D'Sauer bei Maartel | |
An anere Sproochen |
fr: Sûre de: Sauer |
---|---|
Längt | 206 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 4.259 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Vaux-lez-Rosières |
Héicht | 510 m |
Koordinaten |
49° 55’ 3.76’’ N 5° 30’ 48.49’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Musel |
Plaz | Waasserbëlleg |
Héicht | 129 m |
Koordinaten |
49° 42’ 48.4’’ N 06° 30’ 24’’ O |
Haaptnieweflëss |
Wolz (Wiltz), Uelzecht, Wäiss Iernz, Our, Schwaarz Iernz |
Geographie | |
Land |
Belsch Lëtzebuerg Däitschland |
Uertschaften |
Martelange, Esch-Sauer, Ettelbréck, Dikrech, Reisduerf, Iechternach, Waasserbëlleg |
D'Sauer ass e Floss an der Belsch, zu Lëtzebuerg an an Däitschland, et ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Si entspréngt beim Haff Planchipont[1] an der Sektioun Vaux-lez-Rosières vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, am Südoste vun der Belsch.
Vu Roumecht un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.
Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.
D'Sauer ass 206 km laang, dovu sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire. Se zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[2].
Uertschaften op der Sauer
[änneren | Quelltext änneren]Belsch
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Roumecht
- Sir
- Bauschelt (Millen)
- Bungeref (Millen)
- Ënsber
- Lëlz
- Esch-Sauer
- Heischtergronn
- Giewelsmillen
- Schlënnermanescht
- Buerschter Millen
- Méchela
- Ierpeldeng
- Ettelbréck
- Angelduerf
- Dikrech
- Gilsdref
- Bleesbréck
- Bettenduerf
- Méischtref
- Reisduerf
- Wallenduerfer Bréck
- Déiljen
- Grondhaff
- Bollenduerfer Bréck
- Iechternach
- Steenem
- Rouspert
- Hénkel
- Bur
- Méischdref
- Waasserbëlleg
Däitschland
[änneren | Quelltext änneren]- Wallendorf
- Bollendorf
- Weilerbach
- Echternacherbrück
- Mennen (de: Minden)
- Edingen
- Godendorf
- Wintersdorf
- Metzdorf
- Laser (de: Langsur)
- Bëllegerbréck (de:Wasserbilligerbrück)
Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)
[änneren | Quelltext änneren]An der Belsch
[änneren | Quelltext änneren]- Ruisseau du Wé (riets)
- Ruisseau du Bultai (riets)
- Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
- Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
- Geronne (riets)
- Moyémont (riets)
- Chiehet (riets)
- Ruisseau de Lipré (lénks)
- Strange lénks
- Ruisseau de Geronval (riets)
- Ruisseau de Savipré (lénks)
- Ruisseau de Tranquebois (riets)
- Wissbich (riets)
- Kleppelbaach (riets)
- Molscht (lénks)
Zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Froumicht
- Syrbaach
- Bëllerbaach
- Schwärzerbaach
- Bauschelbaach
- Braaschter Flass
- Hämichterbaach
- Béiwener Baach
- Ningser Baach
- Dirbech
- Fënsterbaach
- Rackebaach
- Pëtzbech
- Schlirbech
- Heesbech
- Woschenterbaach
- Toodler Baach
- Boukelsser Baach
- Haarderbaach
- Rensbaach
- Rannerbaach
- Wolz (Wiltz)
- Wëlzerbaach
- Dideschbaach
- Schlënner
- Kuelebaach
- Uelbech
- Wëlschterbaach
- Heemicht
- Doudeslach
- Holzbaach
- Méchelbaach
- Uelzecht
- Tirelbaach
- Blees
- Wäiss Iernz
- Our
- Kuerbaach
- Schwaarz Iernz
- Äsbech
- Lauterbuererbaach
- Aleferbaach
- Girsterbaach
- Kauzebaach
- Sernigerbaach
An Däitschland
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Sauer knapp 150 m hannert der Quell…
-
bei Winville…
-
bei der Mille vun Oeil.
-
Den Uewersauerstauséi.
-
D'Sauer zu Esch-Sauer…
-
am Heischtergronn…
-
op der Toodlermillen.
-
Zesummefloss vu Sauer a Wolz op der Giewelsmillen, lénks d'Sauer ënner der Bréck d'Wolz.
-
D'Sauer bei Wallenduerf…
-
virun Iechternach.
-
D'Sauer leeft an d'Musel. Iwwer der Sauer d'Eisebunnsbréck an hannendrun d'Bréck fir den normale Verkéier - déi zwou Brécke verbanne Lëtzebuerg mat Däitschland.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en)WalOnMap. geoportail.wallonie.be. Gekuckt de(n) 27.06.2021.
- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie