Schabloun:Op engem 9. Mee
Ausgesinn
- 1805: Den däitsche Schrëftsteller Friedrich Schiller stierft.
- 1850: Doud vum franséische Physiker a Cheemiker Joseph Louis Gay-Lussac.
- 1883: Gebuert vum spuenesche Philosoph, Soziolog an Essayist José Ortega y Gasset.
- 1921: Déi däitsch Resistenzlerin Sophie Scholl gëtt gebuer.
- 1923: De franséische Schauspiller Claude Piéplu kënnt op d'Welt.
- 1946: Gebuert vun der US-amerikanescher Schauspillerin Candice Bergen an dem däitsche Sänger Drafi Deutscher.
- 1950: De franséischen Ausseminister Robert Schuman hält eng Ried, an där en déi europäesch Länner dozou oprifft, hir Kuelen- a Stolproduktioun zesummenzeleeën, fir sou zukënfteg Kricher onméigleg ze maachen. Domat leet hien de Grondstee vun der CECA, aus där spéider d'EU ervirgeet. Dowéinst gouf den 9. Mee zum Europadag proklaméiert.