Wikipedia:FAQ (Technesch)
Ausgesinn
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ |
FAQ fir d'Lieser |
FAQ fir déi, déi matschaffen |
FAQ fir d'Administratioun |
Diskussiounssäiten-FAQ |
Biller-FAQ |
Technesch FAQ |
Rechtleches
F. Wou kann ech Dysfunktionnementer mellen?
[Quelltext änneren]- Ä. Hannerloosst ee Message op Wikipedia:Feelermeldungen.
F. Wat maachen, wann de Site net méi geet?
[Quelltext änneren]- Ä. Schéckt e Message op wikitech-l@wikipedia.org oder op wikidown@bomis.com.
F. Wisou benotze mir keen HTML?
[Quelltext änneren]- Ä. Gutt Fro. Am Resumé: Fir et méi einfach ze maachen a jiddwerengem z'erlabe matzeschreiwen. Ausserdeem ass HTML fir eng Säit, déi vu jiddwerengem verännerbar ass, e Sécherheetsrisiko.
F. Kann een och Net-ASCII-Zeechen oder -Symboler benotzen?
[Quelltext änneren]- Ä. Liest heizou d'Säit iwwer Spezialschrëftzeechen fir eng detailléiert Erklärung, wat Dir maache kënnt a wat net.
F. Wat ass mat den Artikelen am Beräich Mathematik, déi speziell Symboler, Schrëften a Graphike brauchen?
[Quelltext änneren]- Ä. Liest heizou: Mathematesch Formele mat TeX schreiwen.
F. Wéi kann ech den Inhalt vu Wikipedia eroflueden?
[Quelltext änneren]- Ä. Andeems Dir heihi gitt: https://download.wikipedia.org/.
F. Wéini gëtt en Artikel als Artikel ugesinn?
[Quelltext änneren]- Ä. All Säit, déi net eidel ass, an op d'mannst ee Link huet, gëtt als Artikel consideréiert.